mardi 20 janvier 2009

Aféierung

"Schuppi Slate Team" ass den 2. Numm vun de "Jonk vun der Lee", der Jugend-Sektioun vun de "Frënn vun der Lee" a.s.b.l. Dëst ass e Verein, deen sech zu Uewelmaarteléng (tëscht Pärel a Maarteléng, un der belscher Grenz, am Nordweste vum Land) fir d'Erhale vun den Schiefergrouwen an dem Industrie Site vun den "Ardoisières de Haut-Martelange" asetzt.

D' Schieferindustrie war am Ufank vum läschte Joerhonnert praktesch di 2.-wichtegst Industrie am Grand-Duché. Dofir ass d'Ziel vun de "Frënn vun der Lee" dës Industrie an hier Importenz op dësem Site an engem Freiliichtmusée fir de Public zougängeg ze man.

Ronn an all Schoulwakanz organiséiren di "Jonk vun der Lee" am Partenariat mam SNJ (Service National de la Jeunesse) e Jugendstage vun 2-3 Deeg an am Summer e Jugendcamp vun 1 Woch zu Uewermaartel, wou vu Jonken, ënnert Uleedung, ma och an Eegeregie, Arbechten fir d'Evolutioun vum Schiefermusée an d'Erhale vum Site gemaach ginn.



Zënter 1996 hu mir ënnert anerem folgend Akivitéite gemaach:

dobaussen:
  • Ausgruewungen (Industrie-Archéologie)
  • Ausmiessungen
  • Entforstung
  • Schinne leeën
  • Material fir de Musée siche goen
  • Restauréierungen
  • Aféierung an d'Maschinen, hier Technik an hier Bedingung



dobannen
  • Archiv-Aarbechten
(Museum +, Komptabilitéit, Akzidenter, ...)
  • Bau vu Maquetten
(Jhangeli, Kummeren, ...)
  • Plange vun Aarbechten
  • Raumen
  • Aféierung an d'Geschicht vum Site
  • Aféierung an d'Produktioun vu Leeën (ë.a.)

zur Ofwieslung
  • Kachen a Spullen
  • Gesellschafts-Spiller
  • Trëppeltier
  • Ausflich
(Kino um Séi, Schwammen am Stau, Visiten, Gringen Zuch, ...)
  • Spaass

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.