samedi 26 décembre 2009

Relancement vum Blog

Ech giff mech och freen wann mir den Blog nees kinnten relanceiren. Wann mir elo alleguer hingin an den Blog bookmarken dann fannen mir deen och mei seier erem.

Marc

E groussen Merci un Claudine

Merci Claudine dat's Du den Versuch starts fir den Blog nees ze beliewen.

Marc

mardi 22 décembre 2009

Schiefer-Blummevas

Hallo Schuppien,
ech hat um Weekend iwwert eng Schieferblummevas geschwat, hei as de Link:
www.illicodesign.com/homedecor/vases/murmur.htm
Ech fannen, mir kréien dat mindestens genee su elegant hin, a wann si 60 Euro derfir froen, kënne mir mat 15 oder 20 sécher derbäi sin, oder? rip-off...
Claudine

GV Jonk vun der Lee

Hei sin d'Minutte vun eiser Generalversammlung, falls een intresséiert as.

Präsent:
Carine (Présidentin), Marc (Trésorier), Luc (Member), Claudine (Ex-Présidentin)
entschëllegt:
Anne-Marie (Sekretärin), Philippe (Member)

Rapport vum Joer:

Mir haten 8 Stagen, op deenen ongeféier 60 Leit waren, am Duerchschnëtt 7-8 pro Stage. Dat sin der méi wi d'lescht Joer (wat entweder um Kach oder um Kach läit :) ).
Eis Aktivitéiten am Iwwerbléck:
Maquettebau (Jhangeli, Kummere 16), Texter tippen (Accidenter, Technesch Berichter) an archivéiren am MuseumPlus, divers Aarbechten dobaussen (Beem fällen, Gräsch sifte fir op d'Bréck, Nivelléire fir Schinnen, Kummer Rosset, Schuppisgaart).
Öffentlechkeetsaarbecht a Präsenz beim Public:
Äischer Millefest, Kannerdag op der Koll, Borbeldag, Fest vun der Lee, Gringen Zuch, Belle Etoile

Rapport vum Caissier:
mir kréie vum SNJ 2500 (oder 2250?) d'Joer a si momentan wäit am Plus.

Nei Memberen:
mir hun de Georges als neie Member gewielt.

Ausbléck 2010:
Et wäerte 7 Stage gin, mat gréisstendeels deemselwechten Inhalt wi fir 2009. Allerdings gin et e puer NEIERUNGEN A VIRSCHLEI, an et wär flott wann der dozou gingt äer Kommentaren hei posten.

a) Crime Night - well et souwisou ze kal war fir dobaussen ze schaffen, hu mer op eisem Krëschtstage vill Zäit mat Brainstorming verbruecht, wéi een en Erliewniskrimi op d'Been setze kéint. Haalt iech den 1. Mee fräi (owes) wann der eng Roll wëllt iwwerhuelen (mir hu schons en Acteur fir d'Läich =) ).

b) Mir hun eis iwwerluecht, op mer eise positive Bilan an der Keess nët kinnten an eppes Nëtzleches a Flottes emsetzen an hu geduecht, et wär flott deen een oder aneren Ausflug zesummen z'organiséiren. Dat heescht, Ausstellungen oder Siten oder Muséen oder alles wat iech soss nach intresséiert, kucken ze fueren, no Méiglechkeet an engem Dag mee eventuell och e Weekend. Di Jonk kinnten dann zumindest d'Entrée oder och vläit den Déplacement iwwerhuelen. Also mellt iech mat äeren Iddien!!

c) Challenge - Projet vum SNJ
http://www.snj.public.lu/jeunesse_action/jeunesse-pour-l-europe/index.html
Am Kader vun "Echange de Jeunes pour Groupes, 13-25 ans" kinnte mer e kuerze Projet virschloen (6-15 Deeg), dee mer mat op d'mannst enger aner Equipe aus engem europäesche Land wëllen duerchzéien. Der Definitioun vum Programm no geet et drëms, aner Kulture kennenzeléiren, Kompetenzen opzebauen an international zesummenzeschaffen. Den SNJ/Europa finanzéiert eis dat, a méiglech Intressenten sin d'Musée vu Fell (D) a Recht (B). Wat mer an deem Projet gingen ennerhuelen, as nach nët décidéiert (z. Bsp Maquettebau, Archeologie&Opzeechnen, Geologie, Fossilien, Archivéirung,...), mee maacht iech Gedanken - Juni as d'Deadline fir eis Iddi anzereechen.

soooo, das wars. lo däerft der zréck bei d'Telé ;)

Claudine

lundi 27 juillet 2009

Camp 2009


De Camp 2009 ass gezeechent duerch 2 Neierungen:
Um Fest vun der Lee hunn déi Jonk hiert Kënnen an der Lokomotiv-Fahrschoul mat der Maus probéiert weider ze ginn!
Um Schluss vum Camp war tatsaach nach Zeit fir eng Gruppefoto (leider war den Dag nit jidderen do).

mardi 12 mai 2009

Blog Aktiv ??

Hallo,
Ech wollt mol kucken wat am Blog lass ass, mais ech hun dat Gefill dat des Variant vun Kommunication och net richteg fruchtet
Marc

jeudi 26 février 2009

Fuesstage 2009


Aha, dat leeft also lo! Flott Aarbecht, Luc, merci dass de dech dorëms gekëmmert hues. Mäin eenzegen Awand as linguistesch: as et Maartel oder Maarteléng? ;) cf RTL...

Ech si leider o nët do um Weekend, schaffen awer virtuell mat - di éischt Schuppie si schons vectoriséiert (deen heiten nach nët).
Vill Spaass um Weekend!
Claudine

mardi 20 janvier 2009

Aféierung

"Schuppi Slate Team" ass den 2. Numm vun de "Jonk vun der Lee", der Jugend-Sektioun vun de "Frënn vun der Lee" a.s.b.l. Dëst ass e Verein, deen sech zu Uewelmaarteléng (tëscht Pärel a Maarteléng, un der belscher Grenz, am Nordweste vum Land) fir d'Erhale vun den Schiefergrouwen an dem Industrie Site vun den "Ardoisières de Haut-Martelange" asetzt.

D' Schieferindustrie war am Ufank vum läschte Joerhonnert praktesch di 2.-wichtegst Industrie am Grand-Duché. Dofir ass d'Ziel vun de "Frënn vun der Lee" dës Industrie an hier Importenz op dësem Site an engem Freiliichtmusée fir de Public zougängeg ze man.

Ronn an all Schoulwakanz organiséiren di "Jonk vun der Lee" am Partenariat mam SNJ (Service National de la Jeunesse) e Jugendstage vun 2-3 Deeg an am Summer e Jugendcamp vun 1 Woch zu Uewermaartel, wou vu Jonken, ënnert Uleedung, ma och an Eegeregie, Arbechten fir d'Evolutioun vum Schiefermusée an d'Erhale vum Site gemaach ginn.



Zënter 1996 hu mir ënnert anerem folgend Akivitéite gemaach:

dobaussen:
  • Ausgruewungen (Industrie-Archéologie)
  • Ausmiessungen
  • Entforstung
  • Schinne leeën
  • Material fir de Musée siche goen
  • Restauréierungen
  • Aféierung an d'Maschinen, hier Technik an hier Bedingung



dobannen
  • Archiv-Aarbechten
(Museum +, Komptabilitéit, Akzidenter, ...)
  • Bau vu Maquetten
(Jhangeli, Kummeren, ...)
  • Plange vun Aarbechten
  • Raumen
  • Aféierung an d'Geschicht vum Site
  • Aféierung an d'Produktioun vu Leeën (ë.a.)

zur Ofwieslung
  • Kachen a Spullen
  • Gesellschafts-Spiller
  • Trëppeltier
  • Ausflich
(Kino um Séi, Schwammen am Stau, Visiten, Gringen Zuch, ...)
  • Spaass