samedi 26 décembre 2009

Relancement vum Blog

Ech giff mech och freen wann mir den Blog nees kinnten relanceiren. Wann mir elo alleguer hingin an den Blog bookmarken dann fannen mir deen och mei seier erem.

Marc

E groussen Merci un Claudine

Merci Claudine dat's Du den Versuch starts fir den Blog nees ze beliewen.

Marc

mardi 22 décembre 2009

Schiefer-Blummevas

Hallo Schuppien,
ech hat um Weekend iwwert eng Schieferblummevas geschwat, hei as de Link:
www.illicodesign.com/homedecor/vases/murmur.htm
Ech fannen, mir kréien dat mindestens genee su elegant hin, a wann si 60 Euro derfir froen, kënne mir mat 15 oder 20 sécher derbäi sin, oder? rip-off...
Claudine

GV Jonk vun der Lee

Hei sin d'Minutte vun eiser Generalversammlung, falls een intresséiert as.

Präsent:
Carine (Présidentin), Marc (Trésorier), Luc (Member), Claudine (Ex-Présidentin)
entschëllegt:
Anne-Marie (Sekretärin), Philippe (Member)

Rapport vum Joer:

Mir haten 8 Stagen, op deenen ongeféier 60 Leit waren, am Duerchschnëtt 7-8 pro Stage. Dat sin der méi wi d'lescht Joer (wat entweder um Kach oder um Kach läit :) ).
Eis Aktivitéiten am Iwwerbléck:
Maquettebau (Jhangeli, Kummere 16), Texter tippen (Accidenter, Technesch Berichter) an archivéiren am MuseumPlus, divers Aarbechten dobaussen (Beem fällen, Gräsch sifte fir op d'Bréck, Nivelléire fir Schinnen, Kummer Rosset, Schuppisgaart).
Öffentlechkeetsaarbecht a Präsenz beim Public:
Äischer Millefest, Kannerdag op der Koll, Borbeldag, Fest vun der Lee, Gringen Zuch, Belle Etoile

Rapport vum Caissier:
mir kréie vum SNJ 2500 (oder 2250?) d'Joer a si momentan wäit am Plus.

Nei Memberen:
mir hun de Georges als neie Member gewielt.

Ausbléck 2010:
Et wäerte 7 Stage gin, mat gréisstendeels deemselwechten Inhalt wi fir 2009. Allerdings gin et e puer NEIERUNGEN A VIRSCHLEI, an et wär flott wann der dozou gingt äer Kommentaren hei posten.

a) Crime Night - well et souwisou ze kal war fir dobaussen ze schaffen, hu mer op eisem Krëschtstage vill Zäit mat Brainstorming verbruecht, wéi een en Erliewniskrimi op d'Been setze kéint. Haalt iech den 1. Mee fräi (owes) wann der eng Roll wëllt iwwerhuelen (mir hu schons en Acteur fir d'Läich =) ).

b) Mir hun eis iwwerluecht, op mer eise positive Bilan an der Keess nët kinnten an eppes Nëtzleches a Flottes emsetzen an hu geduecht, et wär flott deen een oder aneren Ausflug zesummen z'organiséiren. Dat heescht, Ausstellungen oder Siten oder Muséen oder alles wat iech soss nach intresséiert, kucken ze fueren, no Méiglechkeet an engem Dag mee eventuell och e Weekend. Di Jonk kinnten dann zumindest d'Entrée oder och vläit den Déplacement iwwerhuelen. Also mellt iech mat äeren Iddien!!

c) Challenge - Projet vum SNJ
http://www.snj.public.lu/jeunesse_action/jeunesse-pour-l-europe/index.html
Am Kader vun "Echange de Jeunes pour Groupes, 13-25 ans" kinnte mer e kuerze Projet virschloen (6-15 Deeg), dee mer mat op d'mannst enger aner Equipe aus engem europäesche Land wëllen duerchzéien. Der Definitioun vum Programm no geet et drëms, aner Kulture kennenzeléiren, Kompetenzen opzebauen an international zesummenzeschaffen. Den SNJ/Europa finanzéiert eis dat, a méiglech Intressenten sin d'Musée vu Fell (D) a Recht (B). Wat mer an deem Projet gingen ennerhuelen, as nach nët décidéiert (z. Bsp Maquettebau, Archeologie&Opzeechnen, Geologie, Fossilien, Archivéirung,...), mee maacht iech Gedanken - Juni as d'Deadline fir eis Iddi anzereechen.

soooo, das wars. lo däerft der zréck bei d'Telé ;)

Claudine