dimanche 4 juillet 2010

Fest vun der Lee 2010 - gesammelt Iddien/Proposen/Kommentare vun de leschte Joeren

Fest vun der Lee 2010 – Gesammeltes vun 2006-2007-2008

ZUCH

  • Statioune markéiren

ORGANISATIOUN

  • Atelieren am Viraus (1 Woch!!) définéiren, éventuell an der Zeitung ukënnegen
Et as am allgemengen nët kloer genuch, wou wat wéini leeft, et wär vläit hëllefräich wa Panneauen iwwert de Site verdeelt gingen op Saachen hiweisen.

NEI!!!

  • Survival-Atelier fir d’Kanner (een oder zweemol am Nomëtteg, umellen), Iesse sammelen um Site, Medizinplanzen, Déiren...

  • all Kanneraktivitéiten zentraliséiren: Lëscht, Leit kënne sech umellen = besser organiséiert/Iwwerbléck, d’Eltere wësse wou se se wéini hischecke kënnen

  • Videoprojectioun vun de Galerien ënnenan (Philippe)

  • am Chalet : Interviewe ralauschtren-Atelier : Radio + Kopfhörer + Text fir matzeliesen

Maquette:

Brauch méi Erklärungen, oder Animatioun a Form vun enger Persoun där ee ka Froe stellen. Et as och vläit praktesch, Text opzepeche mat Erklärungen oder wéinstens d’geologesch Kaart derbäi ze hänken. Da sin d’Leit vill méi begeeschtert, wann se d’Ausmooss vun deene Kummere verstin.