Ronn an all Schoulwakanz organiséiren di "Jonk vun der Lee" am Partenariat mam SNJ (Service National de la Jeunesse) e Jugendstage vun 2-3 Deeg an am Summer e Jugendcamp vun 1 Woch zu Uewermaartel, wou vu Jonken, ënnert Uleedung, ma och an Eegeregie, Arbechten fir d'Evolutioun vum Schiefermusée an d'Erhale vum Site gemaach ginn.Zënter 1996 hu mir ënnert anerem folgend Akivitéite gemaach:
dobaussen:
- Ausgruewungen (Industrie-Archéologie)

- Ausmiessungen

- Entforstung

- Schinne leeën

- Material fir de Musée siche goen

- Restauréierungen

- Aféierung an d'Maschinen, hier Technik an hier Bedingung

dobannen
- Archiv-Aarbechten
(Museum +, Komptabilitéit, Akzidenter, ...)
- Bau vu Maquetten
(Jhangeli, Kummeren, ...)
- Plange vun Aarbechten

- Raumen

- Aféierung an d'Geschicht vum Site

- Aféierung an d'Produktioun vu Leeën (ë.a.)

zur Ofwieslung
- Kachen a Spullen

- Gesellschafts-Spiller

- Trëppeltier

- Ausflich
(Kino um Séi, Schwammen am Stau, Visiten, Gringen Zuch, ...)
- Spaass
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.